Ons Schueberfouer - E Joermaart ewei keen aaneren

2019-08-28 13:00:00 2019-08-28 13:00:00 Ons Schueberfouer - E Joermaart ewei keen aaneren Lëtzebuerg City Museum Ausstellung vum 17.05.2019 bis den 29.03.2020 Introduktioun vum Gaby Sonnabend, commissaire vun der Ausstellung, duerno Visite ob Lëtzebuergesch mam Julie Schonne. D'„Schueberfouer“, dei 1340 vum Jang de Blannen, Kinnek vu Böhmen a Groof vu Lëtzebuerg, als grousse Maart  gegrënnt gouf, ass haut mat iwwer 2 Milliounen Visiteuren dei greisste Festveranstaltung vum Land a vun der Groussregioun. Am Laaf vum 19. Joerhonnert gouf sie zu engem rengen Amüseiermaart, den all Joer am Speit-Summer um Glacis stattfënnt. D'Schueberfouer ass en Ereegnis daat generatiounen- an schichteniwwergreifend ass a mat dem vill Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger Kandheets- a Jugenderënnerungen verbannen. D'Ausstellung zeechent d'Entwecklung vun deser Veranstaltung vum mettelalterlechem Joermaart mat regionaler Bedeitung hin bis zu engem modernen Volleksfest no. Des Entwecklung ass ähnlech verlaaf wei bei aaneren Veranstaltungen vun deser Art an Europa, an trotzdem weist d'Schueberfouer Besonneschheeten ob : Niewent der onmettelbarer Proximiteit zum Stadzentrum ass och den internationale Charakter vun der Fouer aussergeweinlech. D'Schausteller kommen haut e.a. aus Lëtzebuerg, Frankreich, der Belscht, Daitschland an Holland, an dementspriechend spiggelen d'Restauranten an d'Schneekereien-Geschäfter verschidden europäesch Iesskulturen erem.  Well d'Fouer zu de wichtegsten Joermaert an Europa zielt, gasteieren do regelmeisseg die greissten Manegen. Dei relativ Engt vun de Standplaatzen ob dem nëmmen 4,4 Hektar groussen Terrain schaaft eng eenzegarteg an dicht Atmosphäre. An der Ausstellung ass dann och ganz vill Plaatz fir dei allgemeng Aspekter vun der Geschicht vum Schaustellerwiesen virgesinn, ganz besonnesch dei technesch Verännerungen bei de Manegen, dest gëtt veranschaulecht durch nostalgesch Karuselldeieren, Schëffsschaukelen oder Setzer aus Achterbunnen. Historisch Fotoen, Postkaarten, Plakater an Filmobnahmen ginn Ablëck an d'Amüsementer aus freieren Zeiten, zu denen Moritatensänger ewei die berühmten „Seckbachs“, Kinematographen oder och exotesch Deieren- an „Eingeborenen“-Schauen gezielt hunn. Regelrecht Stargäscht ob der Schueberfouer waren em 1900 den internationall erfollegreichen  Kraaftmensch John Grün esou wei de Buffalo Bill aus den USA mat senger  „Wild West“-Show. En eegenen Raum an der Ausstellung weist d'Fouer aus enger ungewinnter Perspektive, a Form vun drai kënschtlereschen Positiounen vun Fotografen vun haut. Interviewen mat Schausteller, denen hier Geschäfter schons zanter e puer Generatiounen ob der Fouer präsent sinn vermettelen en Androck vum Liewen vun de „Forains“.  D'Schueberfouer huet am Laaf vun de Joerhonnerten eng Reih mat hier verbonnenen  Traditiounen ervirbruet, ewei zb de Biergerdaag oder de Baueresonndeg. An d'Schueberfouer mat hierem ganz besonneschen Brauch  vum „Hämmelsmarsche“ zielt zanter 2008 zum nationalen Inventaire vum immateriellen Kultiurierwenn. Doriwwer eraus kann desem Ereegnis mat sengen ca 3.000 Mataarbecher an engem Emsaatz a Milliounenheicht eng grouss wirtschaftlech Bedeitung zougemoosss ginn.  D'Bärbel Aubert wärd d'Amis des Musées zu deser Visite empfänken. WICHTEG : Fir d'Visiten dei vun den Amis des Musées proposeiert ginn, ass eng Umeldung obligatoresch. Dir kritt dann eng Confirmtioun virun der Visite zougescheckt. Luxembourg Les amis des musées d'art et d'histoire Luxembourg info@amisdesmusees.lu Europe/Luxembourg public
Schueberfouer Luxembourg

Lëtzebuerg City Museum

Ausstellung vum 17.05.2019 bis den 29.03.2020

Introduktioun vum Gaby Sonnabend, commissaire vun der Ausstellung, duerno Visite ob Lëtzebuergesch mam Julie Schonne.

D'„Schueberfouer“, dei 1340 vum Jang de Blannen, Kinnek vu Böhmen a Groof vu Lëtzebuerg, als grousse Maart  gegrënnt gouf, ass haut mat iwwer 2 Milliounen Visiteuren dei greisste Festveranstaltung vum Land a vun der Groussregioun.

Am Laaf vum 19. Joerhonnert gouf sie zu engem rengen Amüseiermaart, den all Joer am Speit-Summer um Glacis stattfënnt. D'Schueberfouer ass en Ereegnis daat generatiounen- an schichteniwwergreifend ass a mat dem vill Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger Kandheets- a Jugenderënnerungen verbannen.

D'Ausstellung zeechent d'Entwecklung vun deser Veranstaltung vum mettelalterlechem Joermaart mat regionaler Bedeitung hin bis zu engem modernen Volleksfest no. Des Entwecklung ass ähnlech verlaaf wei bei aaneren Veranstaltungen vun deser Art an Europa, an trotzdem weist d'Schueberfouer Besonneschheeten ob : Niewent der onmettelbarer Proximiteit zum Stadzentrum ass och den internationale Charakter vun der Fouer aussergeweinlech. D'Schausteller kommen haut e.a. aus Lëtzebuerg, Frankreich, der Belscht, Daitschland an Holland, an dementspriechend spiggelen d'Restauranten an d'Schneekereien-Geschäfter verschidden europäesch Iesskulturen erem. 

Well d'Fouer zu de wichtegsten Joermaert an Europa zielt, gasteieren do regelmeisseg die greissten Manegen. Dei relativ Engt vun de Standplaatzen ob dem nëmmen 4,4 Hektar groussen Terrain schaaft eng eenzegarteg an dicht Atmosphäre.

An der Ausstellung ass dann och ganz vill Plaatz fir dei allgemeng Aspekter vun der Geschicht vum Schaustellerwiesen virgesinn, ganz besonnesch dei technesch Verännerungen bei de Manegen, dest gëtt veranschaulecht durch nostalgesch Karuselldeieren, Schëffsschaukelen oder Setzer aus Achterbunnen.

Historisch Fotoen, Postkaarten, Plakater an Filmobnahmen ginn Ablëck an d'Amüsementer aus freieren Zeiten, zu denen Moritatensänger ewei die berühmten „Seckbachs“, Kinematographen oder och exotesch Deieren- an „Eingeborenen“-Schauen gezielt hunn. Regelrecht Stargäscht ob der Schueberfouer waren em 1900 den internationall erfollegreichen  Kraaftmensch John Grün esou wei de Buffalo Bill aus den USA mat senger  „Wild West“-Show.

En eegenen Raum an der Ausstellung weist d'Fouer aus enger ungewinnter Perspektive, a Form vun drai kënschtlereschen Positiounen vun Fotografen vun haut. Interviewen mat Schausteller, denen hier Geschäfter schons zanter e puer Generatiounen ob der Fouer präsent sinn vermettelen en Androck vum Liewen vun de „Forains“. 

D'Schueberfouer huet am Laaf vun de Joerhonnerten eng Reih mat hier verbonnenen  Traditiounen ervirbruet, ewei zb de Biergerdaag oder de Baueresonndeg. An d'Schueberfouer mat hierem ganz besonneschen Brauch  vum „Hämmelsmarsche“ zielt zanter 2008 zum nationalen Inventaire vum immateriellen Kultiurierwenn. Doriwwer eraus kann desem Ereegnis mat sengen ca 3.000 Mataarbecher an engem Emsaatz a Milliounenheicht eng grouss wirtschaftlech Bedeitung zougemoosss ginn. 

D'Bärbel Aubert wärd d'Amis des Musées zu deser Visite empfänken.

WICHTEG : Fir d'Visiten dei vun den Amis des Musées proposeiert ginn, ass eng Umeldung obligatoresch. Dir kritt dann eng Confirmtioun virun der Visite zougescheckt.