Den Auguste Trémont an de Foni Tissen : Zwee Lëtzebuergesch Kënschtler

2020-10-21 13:00:00 2020-10-21 13:00:00 Den Auguste Trémont an de Foni Tissen : Zwee Lëtzebuergesch Kënschtler MNHA Ob Lëtzebuergesch gefeiert Visite mat der Mme Julie Rousseau Den Alphonse "Foni" Tissen, gebuer den 03.06.1909 zu Rëmeleng  war e Lëtzebuerger Konschterzéier a Moler. No der Primärschoul zu Rëmeleng ass hien vun 1921 bis 1928 an de Lycée Henri Poincaré op Nanzeg  säi Secondaire maache gaangen. Duerno huet e véier Joer laang an der Ecole nationale supérieue des Beaux-Arts zu Parais Konscht studéiert. No sechs Joer, an deenen hien d''Welt bereest huet, geet hien 1936 op München an 1938 ob Breissel  op d'Akademie. 1939  fänkt hien als Stagiär an der Escher Industrieschoul un, dem spéidere Lycée de garçons. 1942 war fir de Foni Tissen eng batter Zäit. Am SS-Sonderlager Hinzert  wou hien am 2. Weltkirch interneiert war koum en an déi sougenannt "Malstube", wou en deelweis mam Lucien Wercollier zesumme geschafft huet. Ënner senge villen Autoportraiten ass een, dee weist den Tissen an enger Brak zu Hinzert d'V-Zeeche maachen. Hien huet och eng Baussevue vum KZ Hinzert gemoolt, déi zu Esch am Nationale Resistenzmusée hänkt. 1946 krut de Foni Tissen am Escher Jongelycée d'Charge fir Zeecheproff. Bis 1972 sinn Honnerte vu Schüler duerch hie geléiert ginn ze "kucken".  1975 ass hien zu Nancy am Spidol gestuerwen. --------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------- Den Auguste Nicolas Trémont gouf den 30.12.1892 zu Lëtzebuerg gebuer an hien huet virun allem zu Parais geschafft an huet sech ob Deiereskulpturen spezialiseiert. Hien huet ob der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg seng Studien gemaach. Am Oktober 1909 koum hien ob Parais an ass an d’Ecole des arts décoratifs agetrueden. Den Ausbroch vum 1. Weltkrich huet hien bei engem Besuch zu Lëtzebuerg iwwerrascht. Nom Armistice ass hien ob Parais zereckgekeiert an huet un der Ecole des Beaux Arts studeiert. Hien huet Portraiten a Biller vun der Stadt Parais realiseiert bis hien enges Daags de Jardin des Plantes entdeckt huet, an dem hien seng richteg Bestemmung fonnt huet. Hien huet ufefaangen virun allem Biller vun Deieren ze realiseieren. Mais hien huet sech net alleng mam Zeechnen zefridde ginn. 1924 war d’Joer vun de Skulpturen. Hien huet an verschidde Galerien zu Parais ausgestallt. D'1930 Joeren waren seng produktivst.  Zu Parais huet hien die zwee Leiwenskulpturen die een haut virum Agaang vum Hôtel de Ville zu an der Stadt Lëtzebuerg gesinn kann geschaaffen.  Nom Enn vum 2. Weltkrich ass hien ob Parais zereckgaangen an huet Monumenter fir Krichsaffer geschaafen.  1918 ass de Auguste Trémont mam Konschptreis Grand-Duc Adolphe ausgezeechent ginn. Den Auguste Trémont ass den 23.10.1980 zu Lëtzebuerg gestuerwen. D'Elvire Geiben waerd d'Amis des Musées fir des Visite empfänken. TRES IMPORTANT ! Suite aux récentes recommandations concernant les mesures de sécurité sanitaire, les musées et institutions culturelles ne peuvent organiser des visites guidées que par  groupes de 10 personnes, guide inclus.  Au cas où vous souhaitez participer à une visite il est indispensable de vous inscrire et de participer à la visite uniquement si vous avez reçu une confirmation.  Pour la  visite nous vous prions de respecter les consignes de sécurité : port du masque, désinfection des mains et respect d'une distance d'au moins 1,5 m entre les participants du groupe. Luxembourg Les amis des musées d'art et d'histoire Luxembourg info@amisdesmusees.lu Europe/Luxembourg public

MNHA

Ob Lëtzebuergesch gefeiert Visite mat der Mme Julie Rousseau

Den Alphonse "FoniTissen, gebuer den 03.06.1909 zu Rëmeleng  war e Lëtzebuerger Konschterzéier a Moler.

No der Primärschoul zu Rëmeleng ass hien vun 1921 bis 1928 an de Lycée Henri Poincaré op Nanzeg  säi Secondaire maache gaangen. Duerno huet e véier Joer laang an der Ecole nationale supérieue des Beaux-Arts zu Parais Konscht studéiert. No sechs Joer, an deenen hien d''Welt bereest huet, geet hien 1936 op München an 1938 ob Breissel  op d'Akademie.

1939  fänkt hien als Stagiär an der Escher Industrieschoul un, dem spéidere Lycée de garçons. 1942 war fir de Foni Tissen eng batter Zäit. Am SS-Sonderlager Hinzert  wou hien am 2. Weltkirch interneiert war koum en an déi sougenannt "Malstube", wou en deelweis mam Lucien Wercollier zesumme geschafft huet. Ënner senge villen Autoportraiten ass een, dee weist den Tissen an enger Brak zu Hinzert d'V-Zeeche maachen. Hien huet och eng Baussevue vum KZ Hinzert gemoolt, déi zu Esch am Nationale Resistenzmusée hänkt.

1946 krut de Foni Tissen am Escher Jongelycée d'Charge fir Zeecheproff. Bis 1972 sinn Honnerte vu Schüler duerch hie geléiert ginn ze "kucken". 

1975 ass hien zu Nancy am Spidol gestuerwen.

---------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Den Auguste Nicolas Trémont gouf den 30.12.1892 zu Lëtzebuerg gebuer an hien huet virun allem zu Parais geschafft an huet sech ob Deiereskulpturen spezialiseiert.

Hien huet ob der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg seng Studien gemaach. Am Oktober 1909 koum hien ob Parais an ass an d’Ecole des arts décoratifs agetrueden. Den Ausbroch vum 1. Weltkrich huet hien bei engem Besuch zu Lëtzebuerg iwwerrascht. Nom Armistice ass hien ob Parais zereckgekeiert an huet un der Ecole des Beaux Arts studeiert. Hien huet Portraiten a Biller vun der Stadt Parais realiseiert bis hien enges Daags de Jardin des Plantes entdeckt huet, an dem hien seng richteg Bestemmung fonnt huet. Hien huet ufefaangen virun allem Biller vun Deieren ze realiseieren.

Mais hien huet sech net alleng mam Zeechnen zefridde ginn. 1924 war d’Joer vun de Skulpturen. Hien huet an verschidde Galerien zu Parais ausgestallt. D'1930 Joeren waren seng produktivst.  Zu Parais huet hien die zwee Leiwenskulpturen die een haut virum Agaang vum Hôtel de Ville zu an der Stadt Lëtzebuerg gesinn kann geschaaffen. 

Nom Enn vum 2. Weltkrich ass hien ob Parais zereckgaangen an huet Monumenter fir Krichsaffer geschaafen.  1918 ass de Auguste Trémont mam Konschptreis Grand-Duc Adolphe ausgezeechent ginn.

Den Auguste Trémont ass den 23.10.1980 zu Lëtzebuerg gestuerwen.

D'Elvire Geiben waerd d'Amis des Musées fir des Visite empfänken.

TRES IMPORTANT !

Suite aux récentes recommandations concernant les mesures de sécurité sanitaire, les musées et institutions culturelles ne peuvent organiser des visites guidées que par  groupes de 10 personnes, guide inclus. 

Au cas où vous souhaitez participer à une visite il est indispensable de vous inscrire et de participer à la visite uniquement si vous avez reçu une confirmation. 

Pour la  visite nous vous prions de respecter les consignes de sécurité : port du masque, désinfection des mains et respect d'une distance d'au moins 1,5 m entre les participants du groupe.