Bimbotheater: D'Gespenster vum Fëschmaart! 

2020-03-21 14:30:00 2020-03-21 14:30:00 Bimbotheater: D'Gespenster vum Fëschmaart!  MNHA Le MNHA est fermé jusqu'au lundi 30.03.2020 inclus. Samschdeg 21.03.2020 EM 15.30 (LU) -  Virverkaf elo online E Geeschterhond dreift um Fëschmaart an an der Alstad säin Onwiesen. An da leeft op emol och nach eng onheemlech Fra, ganz a wäiss gekleet, iwwert d’Festungsmaueren! Dëst ass e Fall fir de Professer Wiltheim. Kann hie mat Hëllef vum Bimbo a senge Kollegen dëse Mysterium léisen? Eng lëschteg Geschicht fir di ganz Famill, geschriwwe vum Pit Vinandy, an der Traditioun vum Max a vum Medi Geiben. Et spillen den Oliver Kayser an de Pit Vinandy. De Bimbo Theater huet eng nei Equipe. No 20 ganz kreative Joëren hëllt d'Angie Schneider säin Abschied. Mir soen dem Angie Merci fir säi super Asaatz an d'Inspiratioun. Den neie Poppespiller ass keen aanere wéi den Oliver Kayser, bekannt vum Trio Lompekréimer. Sou wärt dann och an Zukunft méi Live Musék an och historesches an dese Poppentheater afléissen. Ganz nei originell Marionnetten an och Dekore goufe vum Esta Ngan kreéiert.   D'Plaatzen sinn limitéiert an d'Reservatioun vun den Ticketen w.e.g via  http://www.mnha-shop.lu/de/produkt-information/c81/p751/alle/b-cher-kataloge/verschiedenes/ticket-bimbotheater-21-03-20-nicht-erstattungsfahig.html  an just bis den 18. März méiglech. Ticketen kaschten 10€ an sin NET remboursabel. Fir wéider Informatiounen:servicedespublics@mnha.etat.lu / Tél.: 47 93 30 - 214 Luxembourg Les amis des musées d'art et d'histoire Luxembourg info@amisdesmusees.lu Europe/Luxembourg public

MNHA

Le MNHA est fermé jusqu'au lundi 30.03.2020 inclus.

Samschdeg 21.03.2020 EM 15.30 (LU) -  Virverkaf elo online

E Geeschterhond dreift um Fëschmaart an an der Alstad säin Onwiesen. An da leeft op emol och nach eng onheemlech Fra, ganz a wäiss gekleet, iwwert d’Festungsmaueren! Dëst ass e Fall fir de Professer Wiltheim. Kann hie mat Hëllef vum Bimbo a senge Kollegen dëse Mysterium léisen? Eng lëschteg Geschicht fir di ganz Famill, geschriwwe vum Pit Vinandy, an der Traditioun vum Max a vum Medi Geiben. Et spillen den Oliver Kayser an de Pit Vinandy.

De Bimbo Theater huet eng nei Equipe. No 20 ganz kreative Joëren hëllt d'Angie Schneider säin Abschied. Mir soen dem Angie Merci fir säi super Asaatz an d'Inspiratioun. Den neie Poppespiller ass keen aanere wéi den Oliver Kayser, bekannt vum Trio Lompekréimer. Sou wärt dann och an Zukunft méi Live Musék an och historesches an dese Poppentheater afléissen. Ganz nei originell Marionnetten an och Dekore goufe vum Esta Ngan kreéiert.
 

D'Plaatzen sinn limitéiert an d'Reservatioun vun den Ticketen w.e.g via 

http://www.mnha-shop.lu/de/produkt-information/c81/p751/alle/b-cher-kataloge/verschiedenes/ticket-bimbotheater-21-03-20-nicht-erstattungsfahig.html 

an just bis den 18. März méiglech. Ticketen kaschten 10€ an sin NET remboursabel.

Fir wéider Informatiounen:
servicedespublics@mnha.etat.lu / Tél.: 47 93 30 - 214